Vision/Light

From syn2cat - HackerSpace.lu
Revision as of 21:04, 8 September 2009 by Kwisatz (Talk | contribs)

(diff) ← Older revision | Latest revision (diff) | Newer revision → (diff)
Jump to: navigation, search

Contents

[edit] Visioun lu - light v0.0.1

[edit] Wat ass syn2cat?

En Hackerspace ass eng Plaz wou Mënsche sech treffen, déi ähnlech Interessien am Beräich vun der Technik hunn. Den Interessi kann an der Informatik, an der Elektronik, zäitgenëssescher Konscht, Fotographie an ähnlechem leien. En Hackerspace versicht dëse Mënschen, ob Expert oder Ufänger, e Raum, eng Infrastruktur an eng Gemeinschaft ze bidden, fir kreativ an innovativ Projeten ze realiséieren, déi si alleng net kënne bewältegen.

[edit] syn2cat, fir wat ze man?

Ee vun eisen erklärten Ziler ass et, Wëssen ze verbreeden. Mir sinn der fester Iwwerzeegung, dass dat am beschten an engem Ëmfeld geet, dat fir jidderee gläichberechtegt zougänglech ass. Hei gëtt net nëmme Know-How a Material gedeelt, mä gläichzäiteg d'Verantwortung. Leit déi den Hackerspace besiche sinn hëllefsbereet a motivéiert hier Meenungen an hiert Wëssen ze vermëttelen. Si sinn houfreg aneren eppes bäi ze bréngen, hinne mat Rot zur Säit ze stoen an si z'encouragéieren sech selwer weider ze bilden.

[edit] Et ass eis Fräizäitaktivitéit.

Wou aner Kanner a Jugendlecher op de Fussball-Training, an de Schachklub oder an de Solfège goungen, hu mir ons Entdeckungen alleng doheem gemeet. Flott encadréiert an zesumme mat Gläichdenkenden hätt eisen Hobby net nëmme méi Spaass gemeet, mä wier och vu pädagogescher Säit méi effektiv gewiescht. Fir Geeks, Nerds - oder wéi och ëmmer een eis nennt - déi vun Technik faszinéiert sinn an sech doranner verléieren, gouf et keng vergläichbar Organisatiounen. Mat syn2cat entsteet eng Institutioun déi sech drëm këmmert, dës Leit aus hire Kummeren a Garagen raus ze kréien an an eng lieweg, international Gesellschaft z'integréieren wou déi verschiddenst Leit hiert Interessi deelen.

Obschonns mir zwar och heiansdo dat eent oder anert Computerspill spille fir eis z'entspanen, ass dat net e Sënn oder en Inhalt vum Hackerspace. Eis Fräizäitbeschäftegunge si Léiden, Programméieren, virwëtzeg sinn an iwwer Technik diskutéieren. Dat ass wat eis Spaass mëscht.

[edit] En Hackerspace zu Stroossen

Den Hackerspace syn2cat verfügt iwwer zwee gutt equipéiert Räim an der Gemeng Stroossen, no bäi dem Thermen. Mir hunn eng Bibliothéik mat Bicher an Zäitschrëften iwwer Technik, Wëssenschaft a Kultur, Dëscher fir Computer, fir ze Léiden, ze Schrauwen an ze Programméieren. Awer och d'Geleeënheet sech auszerouen, eng Erfrëschung zou sech ze huelen an z'entspanen.

[edit] Wat fir Ziler verfollegt syn2cat? - En Ausbléck

syn2cat ass eng Meta-Organisatioun, déi versicht, mat verschiddenen aneren Organisatiounen, wéi Computerklibb, Jugendhaiser oder Scouten, Synergien anzegoen, ze kollaboréieren, Ressourcen an Informatiounen ze deelen.

[edit] Konscht + Technik + Gemeinschaft + Villfälteges = Innovatioun

Mir fördere nei an ongewéinlech Zesummenaarbechten tëscht bis elo onreliéert Methoden an Technologien. Mir bréngen Architekte mat Mikroelektroniker zesummen, oder Softwareprogrammeure mat Grafikdesigner. Genau déi Vermëschung vun de verschiddensten Disziplinnen ass dat, wat en Hackerspace esou interessant fir all d'Leit mëscht déi dobäi sinn. Eng Symbios tëscht Technik a Konscht ass spannend a bréngt faszinant nei Méiglechkeeten ervir. Sou hu mer zum Beispill zesummen mam MNHA en Owend mat L.A.S.E.R Tagging veranstalt bei deem Graffitiartisten sech kreativ op der Mauer vum Musée ausdrécke konnten ouni dës ze beschmieren.

[edit] Chill & Cook – Bits & Bites

Mä am Hackerspace geet et net just ëm Mikrokontroller, Léitkolwen oder Notebooks. Mir wëlle Mënschen, hier Iddien a Projeten zesumme bréngen an dofir ass et fir ons och wichteg, eng gemittlech an interessant Atmosphär ze schafen. Mir wëllen net, dass d'Leit sech hannert hirem Computerbildschierm verstoppen an dofir konstruéiere mir e soziaalt Ëmfeld wou Leit mat de verschiddensten Hannergrënn, vun all Alter a Geschlecht, aus de verschiddenste Kulturen, zesumme kommen. D'Besicher vum Hackerspace sollen sech och ofsäits vum Computer ënnerhalen, méi no kommen an nei Frëndschaften opbauen. Leit déi géigesäitegt Vertrauen opbaue kënne vill beweegen.

Fir also am a ronderëm den Hackerspace eng bléient Communautéit opzebauen, wäerte mir nieft der ganzer Technik och aner Aktivitéiten organiséiere, Konferenz besichen, Ausstellungen organiséieren oder eis um kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg bedeelegen.

[edit] U23 – Jonk Mënsche leeden a Wësse vermëttelen.

Jonke Mënschen d'Technik no ze bréngen an hinnen ze weise, wat si ausser Spiller a Facebook nach alles domadder maache kënnen ass och eent vun den Ziler vu syn2cat. Jugendlechen Äifer a kreatiivt Potential ëmsetzen geet am beschte wann een encadréiert ass. Mir wëlle Kanner a Jugendlecher net mat Technik alleng loossen, mä hinne bäibréngen, wéi een neie Medie kritesch begéint a wéi een innovativ an nëtzlech Saachen domadder ka kreéieren.

Eng Equippe vu Pädagogik-, Physik- an Informatik-Studenten, Proffen, forméiert Animateuren a Mataarbechter vu CASES wäerten am syn2cat regelméisseg Atelieren ubidden an zesumme mat aneren Organisatiounen an Institutioune neiaarteg Erliefnisser vermëttelen.

[edit] Eng fräi a partizipativ Kulture ënnerstëtzen

Am Zäitalter vun ëmmer méi Verbindungen tëscht de verschiddene Medien an inspiréiert vum kollaborative Gedanke vum Internet gleewe mir un eng oppen, fräi a partizipativ Kultur, déi Ressource, Wëssen an natierlech och Verantwortung deelt. Ënner Oppenheet versti mir esou Theme wéi OpenSource, OpenAccess (de fräien Zougang zu Bildungs- a Fuerschungs-Materialien) oder och OpenSpace (Fräi-Reim fir jiddereen)

syn2cat ass e Gemeinschafts-Projet. Den Hackerspace ass d'Resultat vun der Zesummenaarbecht vun senge Memberen. Jiddereen dréit dozou bäi den Hackerspace opzebauen, ze ënnerhalen an d'Gemeinschaft auszebauen. Bäi syn2cat gëtt eng keng Hierarchie. Mir verstinn eis als Adhocratie, wou jiddereen, deen eppes erreeche wëll d'Initiative ergräift. An anere Wieder: Wanns Du fënns, dass am Hackerspace eppes entstoe sollt, fänk un an aner Leit wäerten Dir ënner d'Äerm gräifen!

Personal tools
Namespaces

Variants
Actions
Navigation
syn2cat
Hackerspace
Activities
Initiatives
Community
Tools
Tools